Wëllkom!
Gudden Moien, main Numm ass Astrid Weis. Ech sin Somatic Coach an bidden kierper-orientéierten Coaching un fir Léit derbai z’ennerstetzen erem an Kontakt ze kommen mat der innerer Intelligenz vun hirem Kierper, hirer Energie an Kapazitéit fir sech z’erhuelen an ze régénéréieren, an am Respekt mat sech selwer den eegenen Wee fir verkierpert Sinn an Präsenz (embodied being) ze entweckelen - an der Rou an Erhuelung wei och an herausfuerdernden an héich-Intensitéit Leeschtung’s Kontexter.
«The body is the shore on the ocean of being.»- Sufi
Somatic Coaching
Somatic Coaching ass en kierper-orientéierten Coaching deen client’en derbai ennerstetzt fir automatesch Reaktionsmuster ze transforméieren, erem mat den eegenen Potentialen an Energie an Kontakt ze kommen, dei eegen Resilienz z’entweckelen an ze stärken besonnesch an Kontexter Onsecherheet an héicher Intensitéit, dei eegen Fähegkeet zur Rou an Récuperatioun erem auszebauen an ze festegen, an den eegenen Wee fir verkierpert Präsenz am privaten an berufflechen Liewen z’intégréieren.
Weider Informatiounen…
Cours’en
Ech bidden Eenzel-an Gruppencours’en un, un deenen een onofhängeg vun engem Coaching kann deelhuelen. Dei 2 Cours’en sin Bestanddeel vun menger Somatic Coaching Aarbecht. Ech bidden dei 2 Training’en an hirer Originaler Form un:
Life Kinetik® (ass en Gehir-Training deen Perceptiouns Aufgaben mat kognitiven Herausforderungen mat ongewéinlechen Bewegungen verbennt fir d’Gehirzellen unzeregen fir nei Verbindungen ze maan);
Oxygen Advantage® (ass en wëssenschaftlech-baséierten Ôtemtraining fir Fokus, Rékupératioun, Wuelbefannen an Leeschtung).
Slow Coaching Natur & Fuer Retreats
Tankt Kraaft an Energie an der Natur, hutt Zait an Raum fir Duerchzeôtmen an einfach nemmen ze Sinn. Fir Eenzelpersounen / Gruppen organiséieren ech an klengen Gruppen Retreat-Style Experienzen mat Coaching / Workshop an Finnland. Kombinéiert mat enger Fuer-Experienz an der Rally-Schoul oder beim Aisfueren erlaabt dei eegen Energie aanescht z’erliewen aus engem Zoustand vun innerer Rou an Präsenz. Léiert an entweckelt an Aerem eegenen Rhythmus Aer Fähegkeeten fir Motorsport-/Sport-Fueren an engem buedemstännegen, offenen, positiven a professionellen Kontext. Er- an Beliewt Aer Liewensenergie an allen Energiezoustänn an desem extra’en Retreat-Setting.
Weider Informatiounen…
Fuer-Expérienzen / Training & Somatic Coaching
Fir Persounen dei den Fokus gaeren op d’Fueren léen an glaichzaiteg hir Fähegkeeten z’enweckelen fir kennen an Kontexter mat héicher Intensitéit ze léieren an ze performen, bidden ech un Demande ugepassten Fuer-Experienzen mat spezifeschem Coaching, virun an während der Experienz. Mat dem Fokus fir mat sech amAklang ze bleiwen an héicher Intensitéit fir ze léieren an z’intégréieren, resilient an der Leeschtung ze bleiwen, ze regénéreieren, präsent an konzentréiert ze bleiwen, speziell wann konfrontéiert mat onerwaarten Situatiounen.
Individuell oder/an der Groupe kann ech des Fuer-Experienzen an der Rally-Schoul oder als Aisfueren an Finland organiséieren oder als Fuer-Training op engem Circuit an Frankraich, Daitschland oder der Belge.
Weider Informatiounen…
Source: Peter A. Levine, Waking the Tiger: Healing Trauma (German Edition), 1998, Synthesis Verlag, p.17
