« The body is the shore on the ocean of being.»- Sufi
Somatic Coaching
Somatic Coaching ass en kierper-orientéierten Coaching, d.h. duerch deen ech Iech begleeden fir aus dem Kapp an Denk-Karrussell, erem zreck an Verbindung mat sech selwer an dem Kierper ze kommen.
Main Coaching ass en Raum an Zait fir erem an d’Spiiren a bei sech unzekommen: duerch den eegenen Kierper a sengem Wëssen an Intelligenz, der eegener Liewensenergie.
Erem an d’Rou an d’Rekuperatioun ze kommen. Sech erem ze zentréieren an flexibel dei eegen Balance ze haalen, an der Bewegung, bannen an baussen.
Fir erem vun bannen eraus, mat sech am Aklang, a Verbindung mat der eegener Liewenskraaft bewosst präsent ze sin. An domat raus aus dem automateschen Reagéieren an d’bewosst Agéieren ze kommen. An Momenter vun Rou an Régénératioun, an der Performance, an der Kréativitéit,… .
Waat sin Haapt-Themen?
…dei eegen Fähegkeet zur Rou an Récuperatioun erem nei z’erliewen, ze stabiliséieren an nôhalteg ze renforcéieren an z’entweckelen
…Flexibel an dynamesch teschent Aktioun en Erhuelung ze wiesselen, an Resilienz am Aklang mat sech selwer z’entweckelen
…dei eegen Resilienz z’entweckelen an ze stärken, besonnesch an Kontexter mat Onsecherheeten, Onbekanntem, Drock an héijer Intensitéit
…erem mat sengen Potentialen an Energie an Kontakt ze kommen, an am Aklang mat sech selwer z’entweckelen
…Léieren, Expérimentéieren, Spillen - sech selwer erem eegenen (Spill-)Raum schaafen, an seng eegen Kreativitéit, Liewegkeet an Sënneserfahrungen nei z’entdecken
…eegenen Potentialer an Fähegkeeten am Aklang mat sech selwer z’entweckelen
…enner Drock, Stress an Intensitéit optimal präsent ze sin, esou datt dei eegen beschten Leeschtung den eegenen Potentialer an Fähegkeeten maximal entsprecht - nôhalteg, resilient an regenerativ
A wei engen Situatiounen?
> No engem Burnout
> Bei chroneschem Stress
> Bei sech wiederhuelenden net hëllfreichen automateschen Reaktiounen an Reaktiounsmuster. Besonnesch an herausfuerdenden oder/an Stress-Situatiounen
> Gestioun vun Stress an Angscht enner Leeschtungsdrock
> Blockéieren enner Drock an Leeschtungs-Kontexter
> Stress an Blockéieren beim Léieren, am Kontakt mat Néiem an Onbekanntem, néi Wéer net méi kennen ze goen
> Net méi am Kontakt ze sin mat der eegener Kréativitéit, an der Fähegkeet zur Problemléisung
> bei Schwieregkeeten mat Charakteristiken vun Hochbegabung an/oder Hochsensibilitéit
Fir Froen zu organisatoreschen Punkten fann der Informatiounen ennert:
Kontaktéiert mech gaeren fir ent eischt Gespréich oder fir weider Froen an Détailer!
Citation Source:
