.
Fuer-Expérienzen & Somatic Coaching
Impressiounen
Äis Fueren (mam Tommi Mäkinen) & Somatic Coaching.
©Henry Mäkinen 2026
©Lifedrive 2026
©Henry Mäkinen 2025
Wanter Rally Schoul & Somatic Coaching.
©Lifedrive s.à r.l., Rally Promotion Finland Oy, 2026
©Astrid Weis 2022
©Lifedrive 2026
Rally Schoul & Somatic Coaching.

©Astrid Weis 2024
©Astrid Weis 2026
©Lifedrive 2026
Circuit Instructioun & Somatic Coaching.
©Lifedrive s.à r.l. 2025

©Lifedrive s.à r.l. 2025
©Lifedrive s.à r.l. 2025
©Lifedrive s.à r.l. 2025
Meng Approche
Zënter baal 6 Joer sin ech régelméisseg an Finnland ennerwee, an trainéieren Rallye, zënter 2 Joer op mengem eegenen Auto.
D’Land un sech, esouwei d’Art an Weis fir d’Léieren an d’Verdéifen vun der Mâitrise am Fueren, hun mer et vun Ufank un ugedoen. Och well des Art an Weis am Aklang ass mat menger Begleedung an Approche mam Coaching Somatique.
D’Natur, d’Stëll an en aaneren Liewensrythmus (ausserhalb Helsinki)…Finnland ass zu menger 2ter Heemecht gin.
D’Expérienzen mat Somatic Coaching dei ech proposéieren sin mat Beduecht geplangt, mat dësen Elementer am Hannerkapp, dest um Niveau vum Fueren wéi och an der Begleedung duerch Coaching. Dei bewosst Bewegung tëschent Rou an Erhuelung, Léieren an Leeschtung, ass d’Fondatioun vun all Expérienz, am, wei och ausserhalb vum Auto.
Duerch meng eegen Erfahrungen an Approche, plangen ech d’Expérienzen mat folgenden Punkten am Bewosstsein:
Accès erméiglechen an erhaalen, an den Grenzen vum Méiglechen, fir Fuerfähegkeeten ze léieren an/oder ze verdéiwen, mat Spaass, an engem professionnellem an frendlechen Kontext.
Fir Ufänger/in an/oder Amateur/Amateurin.
En Emfeld wou een wëllkomm ass, mat den Féiss um Buedem, einfach, direkt an kloer, esou datt jiddereen deen den Elan spiirt an d’Loscht huet esou eng Expérienz z’erliewen, sech trauen kann, an Secherheet.
Mat enger Begleedung mat Coaching déi et erméiglecht déi eegen Kapazitéiten ze verdéiwen fir seng bewossten Präsenz an Situatiounen vun Stress, fir Fokus, Léieren an Leeschtung kennen ze moduléieren. Am Auto an och, duerch d’Expérienz an den Coaching, am alldéeglechen Liewen.
Finnland richteg kennenzeléieren, och ausserhalb vun den vill getreppelten Wéer.
Zougang zu engem professionnellen Training an Finnland ze gin, un Amateur Piloten/Pilotinnen déi Compétitioun fueren, oder déi gaeren géifen ufaenken an hir Fähegkeeten entweckelen an en éischten oder nächsten Rallye wëllen préparéieren. Mat enger professionneller Instructioun an enger individualiséierter Begleedung mat Coaching.
Hotel, zousaetzlech Aktivitéiten,…sin dofir net d’office mat abgeraff.
Dir behaalt Aer Autonomie fir Aer Planung, Aeren Fokus bei der Expérienz , Aeren Budget,… .
An der Konsequenz hutt der dofir emmer d’Méiglechkeet, an sid Wëllkomm, fir nemmen d’Expérienz & Coaching ze buchen.
Bei der Réservatioun vun enger Expérienz, stinn ech Iech gaeren zur Sait fir Iech mat meng Experienz an Finnland, jenseits vum Fueren an Rallye, bei Aerer Planung z’ennerstëtzen : allgemeng Informatiounen, Méiglechkeeten an den jeweilegen Régiounen fir Hotell’er/Châlet/…, Aktivitéiten, Transportméiglechkeeten (Zug, Bus, Léin-Auto,…), mat dem eegenen Auto/Oldtimer/Campervan unreesen, den eegenen Rallye Auto/Historeschen Rallye Auto matbrengen, eng Expérienz an eng Rees an Finnland intégréieren (Wanter, Summer),… .



Den Coaching zur Virbereedung kann op Aer individuell Besoin’en an Zieler adaptéiert gin. Am Virfeld (abegraff sin: 1x60Min.session, 1x30Min. den Dâg virum Fueren) an den Dâg während der Fuer-Expérienz, fir d’Léieren an d’Intégratioun vum Geléierten ze stärken, Kapazitéit fir Intensitéit ze géreieren ze entweckelen an dynamesch vun der Aktioun an d’Rou an d’Rékuperatioun ze wiesselen.

