Entwëckelt Aer Car Control Fähegkeeten um Äis op engem gefrueren Séi, op déi Finnesch Art, am Heemechtsland vum Rally.
Léiert vum 4-fachen Rally Weltmeeschter Tommi Mäkinen a senger Equipe, d’Fuerfähegkeeten fir en Auto um Äis ze kontrolléieren an handelen, op engem Toyota GR Yaris.
Ob der Ufänger/in, erfahrenen Amateur/trice oder routinéierten Pilot/in sidd, Dir sidd Wëllkomm fir ze léieren an Aer Fuerfähegkeeten z’entweckelen an op Aeren nächsten level ze brengen. 
Prêt(e) fir mei Sensatiounen?Dir hutt déi eenzegaarteg Geleegenheet fir als Copilot (Optioun) den Tommi Mäkinen an Aktioun z’erliewen op dem original Toyota Yaris WRC (gefuer am WRC 2018 vum Ott Tänak an Martin Järveoja) oder op engem offiziellen Toyota Yaris WRC Prototyp.
Ech begleeden Iech virun an während dem Fueren mat Somatic Coaching. Fir Aer Experienz nach op en aaneren Niveau ze brengen an Iech derbai z’ennerstetzen fir Aer Fähegkeeten fir Stress, Léieren an Leeschtung an héijer Intensitéit ze entweckelen.
Den Coaching zur Virbereedung kann op Aer individuell Besoin’en an Zieler adaptéiert gin. Am Virfeld (abegraff sin: 1x60Min.session, 1x30Min. den Dâg virum Fueren) an den Dâg während der Fuer-Expérienz, fir d’Léieren an d’Intégratioun vum Geléierten ze stärken, Kapazitéit fir Intensitéit ze géreieren ze entweckelen an dynamesch vun Aktioun an Rou an Rékuperatioun ze wiesselen.
Entweckelt Aer inner Kapazitéiten fir ze léieren an engem herausfuerdernden Kontext, dei Fähgkeeten kennen oofzeruffen an an d’Leeschtung ze goen, an domat Aert Fueren och vun dëser Sait op en aaneren Niveau ze brengen,…an, virun allem: fir derbai Fréed an Spaass ze hun!!
No un der Stâdt Kuopio an bei engem Alpin Ski Resort geléen, bid des Régioun eng Reih un Optiounen fir z’Iwwernuechten and zousaetzlechen Aktivitéiten.
Ech organiséieren des Fuer-Expérienz an Kooperatioun mat Tommi Mäkinen Racing.
Praiss: ab 2 600.-€ (17% TVA incl.)
Dir kennt mech gaeren kontaktéieren fir wéider Informatiounen an Détailer iwwert d’Fueren an den Coaching, waat abegraff ass, wei eng Optiounen et gin, Méiglechkeeten fir z’Iwwernuechten an zousaetzlechen Aktivitéiten,…
Contact
Images: ©Henry Mäkinen 2026