« The body is the shore on the ocean of being.»- Sufi
Workshop’en
Workshop’en gin normalerweis iwwert 1-2 Deeg, mat engem Fokus op d’Exploratioun vun engem Sujet, duerch expérientiel somatesch Aarbecht.
Workshop’en sin Deel vun der direkter Erfahrung vun Reaktiounen an engem secheren Raum. Ech verbannen en theoretescht Verständnis mat der direkter Erfahrung, d.h. fir z’experimentéieren, sech ze trauen aanescht ze maan an ze observéieren waat op kierperlecher an mentaler Ebene geschitt.
Den Workshop ass en Spillraum fir sech erem innerlech neien Raum ze gin, auszeprobéieren an glaichzaiteg kennen z’observéieren, d.h. d’Verbindung mat sech selwer erem hierzestellen an neit Vertrauen zu sech am Ganzen opzebauen.
D’Workshopen dengen dohier och fir dei eegen Methoden ze testen, ze entweckelen, ze staerken an domat weider z’intégréieren, fir se kennen schon méi einfach, mei präsent, am Alldâg ze liewen.
Workshop’en kennen iwwert en Weekend organiséiert gin, oder mat enger retreat-style Experienz mat/an/oder enger Fuer-Experienz.
Dir kennt Datum’en vun geplangten Workshop’en op deser Website op der Agenda fannen.
Waat sin Haapthemen?
…Pilotéieren vun Intensitéit: wéi kann een léieren an Leeschten brengen an Kontexter mat héijer Intensitéit an héijer Aktivatioun vun den Sënnen, duerch dynameschen Wiessel tëschent Aktivatioun an Rou. Mat sech am Aklang, zentréiert and fokusséiert. (kombinéiert mat enger Fuer-Experienz)
…Zreck un sengt eegent Steierrad no engem Burnout: wéi kann een seng Energie géreieren an aal, net méi hëllefreich, Bewältegungsstrategien veränneren, ouni Angscht méi virun senger eegener Energie ze hun. Wéi kann een des nei Wéer an den Alldâg intégréieren.
…Auf ins Unbekannte: sech den eegenen Spillraum erem innerlech schaafen fir un Onbekanntes an Onsecherheet aanescht erunzegoen.
…Zreck bei seng Sënnen: nei verbannen mat den Sënnen an Wahrnehmung, duerch Embodiment an Bewosstsein.
Dir fannt weider organisatoresch Informatiounen fir Workshop’en ënner:
Datum’en vun Workshop’en gin op dëser Website publizéiert (Agenda):
Fir weider Froen oder fir en Workshop an Aerer Organisatioun ze plangen, iwwert een vun den mentionnéierten Themen oder ähnlechen Themen, kenn der mech gaeren kontaktéieren.
Citation Source:
